Jean-Claude Franck (@Jcfranck) profile picture

Journalist, editor-in-chief @100komma7 - the public radio in Luxembourg

Luxembourg
Joined August 2011
Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)Photo by Jean-Claude Franck (@Jcfranck)
Jean-Claude Franck retweeted
D'Marie-Josée Jacobs confirméiert am 100,7-Interview, datt si hir Demissioun als Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Caritas agereecht huet. D'Fraude vun 61 Milliounen bei der ONG wier fir si een haarde Coup. 100komma7.lu/news/D-Marie-Jo…
1
1
294
Jean-Claude Franck retweeted
Eng Persoun, déi sech als een ausgëtt, dee se guer net ass. Eng Entreprise, déi Milliounen un Euroe verléiert. An eng Bank, déi eng net onwichteg Roll spillt. Nee, d'Ried ass net vun der Caritas-Affär, mee vun engem ganz änleche Fall. 100komma7.lu/news/Eventuell-…
2
427
Jean-Claude Franck retweeted
Bettenduerf huet d'Gespréicher verlooss fir eng Fusioun vun den Nordstad-Gemengen. Ronderëm déi Entwécklungen hu sech zanter September vill Froe gestallt, mee déi Gemengeresponsabel vu Bettenduerf hu sech verstoppt a gewisen, datt si e speziellt Versteesdemech vun Demokratie hunn, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar. 100komma7.lu/news/Bettenduer…
1
1
2
681
Jean-Claude Franck retweeted
Den tatsächlechen Impakt vun enger dynamescher Tarifikatioun op d'Stroumrechnung géif relativ staark vum Stot ofhänken, seet d'Cheffin vun der Creos. Wie punktuell méi verbraucht, soll och méi bezuelen, sou d'Laurence Zenner. 100komma7.lu/news/Invite-e-v…
1
1
1
379
Jean-Claude Franck retweeted
Déi ronn 20 Gemenge vum Syndikat Minett-Kompost mussen 100,7-Informatiounen no vun elo un annerhallef Millioun Euro d’Joer bezuelen, well jorelaang ouni Autorisatioun Ofwaasser an de Monnerecher Kanal an duerno an d’Schëfflenger Kläranlag gelaf ass. Elo kënnt Beweegung an den Dossier 100komma7.lu/news/Minett-Kom…
1
2
385
Jean-Claude Franck retweeted
^^ "De Christian Billon, deen déi dreiwend Kraaft hannert där neier ASBL ass, seet dozou D'HUT-asbl wier eng Entreprise wéi eng aner och an dowéinst wier hien der Presse keng Äntwerte schëlleg." #CaritasGate 100komma7.lu/news/Aerzbistum…
1
6
352
Jean-Claude Franck retweeted
"Mir konnten an der Vergaangenheet ënnerernierte Kanner hëllefen, grad ewéi ënnerernierte Fraen déi schwanger sinn oder nieren. Si kommen elo bei eis, a mir kënnen näischt méi maachen."
Den David Pacoto Langoya huet am Südsudan fir d’Caritas Lëtzebuerg geschafft. Am 100,7-Interview beschreift hien, wéi et ass fir laangjäreg humanitär Projeten an engem vun den äermste Länner vun der Welt ofzewéckelen. 100komma7.lu/news/Eis-feelen…
2
1
7
1,325
Jean-Claude Franck retweeted
D’Fondatioun Caritas Lëtzebuerg huet net méi genuch Sue fir ee Sozialplang an hir Scholde bei Fournisseuren ze bezuelen. D’nächst Woch soll sech dowéinst entscheeden, ob d’Fondatioun a Liquidatioun gesat gëtt. 100komma7.lu/news/Fondatioun…
2
1
408
Jean-Claude Franck retweeted
Wann d'Aktivitéite vu Caritas Lëtzebuerg solle weider lafen, musse séier Léisunge fonnt ginn. Dëse Mount si bei der Fondatioun wéinst dem rezente Finanzbedruch net méi genuch Suen do fir all d‘Paien an Aktivitéiten ze finanzéieren. Dat confirméiere gutt informéierte Sourcen. 100komma7.lu/news/Zait-drang…
3
2
676
Jean-Claude Franck retweeted
D'Verhale vun de Lëtzebuerger Banken an der Caritas-Affär gëtt an enker Koordinatioun tëscht der CSSF an der Europäescher Zentralbank analyséiert. Bis elo war just gewosst, datt d'CSSF sech mat enger Analys saiséiert hätt. 100komma7.lu/news/Caritas-Fi…
1
2
3
588
Jean-Claude Franck retweeted
Eis Recherchë loossen Zweiwel drun opkommen, datt d'Caritas mam Verontreie vun 61 Milliounen Euro Affer vun engem Presidentebedruch ginn ass. D'Fraude schéngt eise Recherchen no mat Insiderwësse vu banne preparéiert an ëmgesat ginn ze sinn. 100komma7.lu/news/Presidente…
2
7
2
17
2,275
Jean-Claude Franck retweeted
An der Enquête iwwer de Finanzbedruch bei der Caritas leien dem radio 100,7 nei Informatioune vir. Et stellt sech d'Fro, wéi eng Roll déi inculpéiert Finanzdirektesch an hire Service beim Bedruch gespillt hunn. 100komma7.lu/news/Caritas-De…
1
7
2
13
2,550
Jean-Claude Franck retweeted
De Verwaltungsrot vun der Caritas Lëtzebuerg huet e Krisecomité en place gesat. Dat huet d‘Caritas eisen Informatiounen no an enger interner Kommunikatioun matgedeelt. 100komma7.lu/news/Verwaltung…
1
1
4
537
Jean-Claude Franck retweeted
De Premier Luc Frieden wëll 100,7-Informatiounen no de ganzen Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc bis den Trounwiessel erneieren. 100komma7.lu/news/Luc-Friede…
1
1
445
Jean-Claude Franck retweeted
Am konventionéierte Secteur gëtt et ee risege Finanzskandal. D'Caritas ass 100,7-Informatiounen no Affer gi vun engem Bedruch, deen d'Fondatioun an existenziell Schwieregkeete bréngt. 100komma7.lu/news/Krisesitua…
1
6
1
507
Jean-Claude Franck retweeted
An der Arméi ass en Ënneroffizéier 100,7-Informatiounen no wéinst dem Virworf vu sexuellem Mëssbrauch suspendéiert ginn. Zënter annerhallwe Mount leeft och eng Enquête vun der Justiz. De Ministère vun der Defense confirméiert de Fall op eis Nofro hin. 100komma7.lu/news/armei?pd=r…
3
1
368
Jean-Claude Franck retweeted
D'Geschäftsleit Eric Lux a Gérard Lopez esou wéi zwee fréier Comitésmembere vun der Escher Fola musse sech wéinst sougenannten intellektuelle Fälschunge viru Geriicht veräntwerten. Déi Concernéiert wëllen an Appell goen. 100komma7.lu/news/Eric-Lux-a…
1
323
Jean-Claude Franck retweeted
Beim 1. Tour vun de Legislativwalen a Frankräich hu bis 17 Auer scho 6 vun 10 potentielle Wieler a Wielerinnen eng Stëmm ofginn. Wat steet haut um Spill? Erklärungen hei: 100komma7.lu/news/Frankraich…
2
1
297